11
2016
Jun

Absurd Cup

Miersch

Vu lo un kënnt dir iech fir den Absurdcup zu Miersch umellen. Den Absurdcup ass een Dag fir Avex , fir Spill a Spaass ass beschtens gesuergt. Dir sidd interesséiert da maacht eng Mail op a schreift eis folgend Informatiounen:

Trupp, Unzuel un Avex, Unzuel u Chef

Den Absurdcup ass dëst Joer zu Miersch. Wou genau kritt dir nach gesot!

De Präis läit wéi ëmmer bei 5€ pro Avex. Chef bezuelen näischt.

Soubal dir eis eng Mail mat ärer Umeldung gemaach hutt kritt dir d`Kontosnummer fir d`Suen ze iwwerweisen an ab dann ass är Umeldung definitiv.

Weider Detailer zum Absurdcup kommen dann och nach no!