19
2019
Apr

STIP 2019

Neihaischen

Léif STIPisten,

Dir hutt ierch gemellt fir den 1. Zyklus vun der Avex-Formatioun ze maachen. Am Viraus soe mir ierch scho Merci fir aert Engagement an, dier waert gesinn, dier waert des puer Deeg net bereien.

Hei nach e puer Rappelen :

Thema : Lëtzebuerg

Wéini : Freides, den 19. Abrell geet et um 16:00 Auer lass RDV ass op der Sandweiler Gare a mir maachen ee klengen Hike an de Chalet. Mir verloossen de Chalet Meindes den 22. Abrell géint 16.00 Auer. Ee Verloosse vum STIP ass am Normalfall net méiglech.
Methodendaag: Sonndes den 21. Abrell vun 8:00 bis ongefeier 23:00

Wou : De STIP ass um Neihaischen am Chalet.
OPGEPASST : D’Sessiounen gin deelweis am Chalet, awer och dobaussen ofgehaalen.
RDV ass awer um 16:00 op der Sandweiler Gare!!!!

Prais : Dir hudd den STIP mam Iwerweisen vum Betrag fir den éischten Zyklus bezuelt.

Waat musst dir matbréngen?
 Alles waat ee sou als Scout op engem WE mathellt!!
 Uniform, Foulard (hun mir un wann mer kommen)
 Kleeder fir dobannen an dobaussen
 Pyjama
 Gamell
 Täscheluut
 Wäschsaachen
 Schlofsack
 asw.
 eng Verkleedung zum Thema
 DI AUSGEFELLTEN FICHE MEDICALE (Formulaire F09)
 eng Foto fals dir kéng op d’Formatiouns-Demande gepecht hutt
 Bic a Bloc
 En eidelen USB-Stick vun Minimum 8 GB greisst fir d’Dokumentatioun all drop ze kreien an kennen mat heem ze huelen. Onbedengt ären Numm op den Stick schreiwen
 Suen fir an der Bar
 déck Schung fir eraus
 Hausschlappen fir am Chalet
 Kichendicher
 Evt. Bicher mat Spiller, Lidder asw. fir Aktivitéiten virzebereeden
 Evt. Musiksinstrument wann dir et spille kennt
 asw.

Wann dir nach Froen hudd, mellt ierch w.e.g. per Mail un .

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréisss,